Acer Aspire One A150

Well den Sven iwert den Acer Aspire One gebloggt huet, war ech och an den Hifi gefuer fir mer daat Dengen eng Keier unzekucken. Wéi daat dann sou oft geet, ass et net beim kucken bliwwen. Hei meng (eischt) Impressiounen vun dem klengen Groussen.

Gehaiss:

D’ Gehäiss ass super flott. Et gett deen klengen an 4 Faarwen bis elo: Wäiss, Rosa Schwarz, Brong an Blo (kuck hei). Am Hifi haaten se natirlech nemmen den wäissen an den bloen. Well den bloen schon 100erten Fangerofdreck um “Reck” haat, hun ech mer den wäissen matgeholl. Et ass awer net sou eng einfach langweileg Faarw – et ass sou ee liichten Perlmut (heescht daat esou?) / Zockergoss – Effekt um Deckel vum One.

Daat ganzt Netbook ass am Plastik, mee daat steiert mech am Fong net weider vill. Et mecht awer e stabilen Androck. Ech brauch weider kee Schnik-Schnak. Ajo, d’Gehaiss ass am ganzen nemmen 249 x 170 x 29 mm grouss.

Bildschirm:

Den Acer Aspire One huet en 8,9″ CrystalBrite LCD. Daatmecht eng Opléisung vun 1024 & 600 Pixelen… Net besonneg grouss, mee ech mengen et geet duer, fir en Ultra-Portablen. Wann ee firdrun setzt gesäit daat ganzt super kloer ass, besser wéi daat waat ech bis elo sou gesin hun (z.B.: EeePc). De Visiounswenkel ass och grouss, allerdings wann een den Display an d’Luut hällt, reflektéiert daat ganz zimlech vill…Vläicht leen ech mer eng Keier sou eng Folie zou.

Tastatur:

Super. Ech sin ganz zefridden. Well se anscheinend d’Tasten eng Onz méi kleng gemach hun, konnten se eng komplett Tastatur abauen. Daat eenzegt waat ech als e bessen gewohnungsbedürfteg haalen ass den Home an den End Knäppchen.

Mousepad:

E klengt Mousepad ass natirlech och integréiert. Am Ufang war ech e besse skeptech, well ech nach emmer mat normaler Maus geschafft hun, mee mat der Software vun Synaptics ass daat och vergiess. Sou vill Astellungsméiglechkeeten, wéi een nemme gären hätt, an mat dem Virtual Scrolling klappt ..ehh.. d’scrollen och gudd.

Uschlëss:

Den One huet 3 USB-Uschlëss (1 lenks an 2 riets), 2 Card-Reader: een, dee fir Storage-Ausbau duerch eng SD-Card geduecht ass an ee Multireader fir Secure Digital, MultiMediaCard, Reduced- Size Multimedia Card, Memory Stick®, Memory Stick PRO, xD-Picture Card. Ee VGA 15-pin Port, ee RJ-45 Network Port, ee Microfon an een Headphone Port. Ajo, ee Micro an eng Webcam huet en och. En huet och en Wifi-Port (802.11b/g).

Webcam:

Daat firwaat ech se bis elo benotzt hun, ass se gudd duergaang an et war och e kloert Bild. Souguer zimlech hell, wann ee bedenkt wei däischter et am Zemmer war.

Batterie a Power:

Et ass een 3-Zellen-Akku, dee mer just 2,5 Stonn ouni Stroumuschloss schenkt. Et sin der am Fong zimlech weineg. Soubaal den 6-Zellen-Akku erauskennt, mengen ech kaafen ech mer deen, als Accessoire.

Den One benotzt en 1,6 Ghz Pentium Atom Processer, deen en am Fong zimlech schnell mecht.

Software:

De One leeft mat enger Windows XP Home Pre-Installatioun. D’Sprooch ass wielbar, dozou kommen e puer Apps vun Acer an eng Trial-Versioun vun Office 2007 Studenteversioun an irgendeen Antivirus – Vill ze déinstalléieren an nei anzestellen. Lo leeft OpenOffice an Firefox – Thunderbird. Digsby, Skype, etc. leeft och lo drop.

Ee Problem haat ech mat Google…Soubaal ech d’Mailen op mengem Desktop erofgelueden hun, waren se net mei um Laptop erofzelueden. Komesch Saach, d’Léisung hun ech hei fonnt:

http://mail.google.com/support/bin/answer.py?answer=47948&topic=1556

Duerno wollt ech mer ee Program fir ze bloggen erofhuelen, an probeieren elo mol den Windows Live Writer:

http://get.live.com/writer/overview net praktesch fir mech

Nodeems ech mech op dese Plaatzen informeiert hun:

http://thewrongadvices.com/2007/06/04/offline-blog-editing-tools/

http://darcknyt.wordpress.com/

Fir d’Fichier’en ze syncen huelen ech den Synctoy 2.0 vun Microsoft, deen et gratis gett. Allerdings muss een dofir ee Netzwierk laafen hun.

Bookmarks syncen ech mat Xmarks, Kalenner an Adressbuch mat Funambol (mat deme syncen ech och mäin iPod Touch).

Schlofplatz:

Déi Huss aus Plastik/Lieder, déi beim One derbäi war ass näischt wert, ausser vläicht géint kleng Kratzer. Ech hu mech op d’Sich gemach fir eng Posch ze fannen, mee sou einfach war et net. Do hun ech mech erennert, daat ech mer eng speziell Editioun vun Siedler 6 bestallt haat, mat enger Posch aus Lieder derbäi. Do passt de One genau dran. Ech hun se allerdings nach e besse gepolstert.

Fazit:

++

Kleng, Nei, Schein, Praktesch, Gudd Tastatur, Gudd Mousepad,…

Kuerz Batterielaafzäit