WordPress 2.6

Ech hun elo de Metten décideiert daat ech och lo mol op WordPress 2.6 sollt updaten. Gehollef huet mer den Guide vun WordPress, deen ass wirklech ganz gudd… Et huet och alles ouni Problemer geklappt, souguer all meng Plugins funzen nach.

Allerdings sin ech elo net méi mam Layout zefridden a sichen no eppes besseren, a méi originellen. Ech giff e jo selwer machen, awer ech kennen net genuch vun déier Programméiersprooch (well HTML ass daat jo net mei sou ganz). An ech hun och keng Loscht fir mech dohin ze setzen an daat ze léieren, op alle Fall am Moment net.

Maja, wann e puer Dengens heiensdo elo kromm hänken héi, dann sierft mer net béis a kommt 10 Minutten drop erem kucken – da misst erem alles klappen.