iPod Touch handmade

Ech hu mer viru kuerzem eng nei Méiglechkeet gesicht, wei ech mäin iPod Touch keint opbewaaren. No e beschen hin an hier sichen, sin ech dun op eng Rei gefall, déi sech handmade nennt. Sou wéi ech daat verstan hun, ass daat eng kleng Firma, déi déi Hussen hierstellt. Vläicht ass et awer och eng 1-Mann-Firma, well de Kontakt mat hinnen war perséinlech. D’Emailen ware selwer geschriwwen, och handmade.

 

De Produit, deen d’Kerstin Berg mecht, ass aus Samet (schreift een daat sou?). Den Etui fir den iPod Touch ass awer nemmen een Deel, et kritt een och Etui’en fir Laptop’en etc.

Mäi Androck nom auspaacken vu mengem Päckchen war ganz positiv. Et gesäit robust aus, an ass genau daat wat ech mer virgestallt hun. Och no e puer Wochen Gebrauch, sin ech nach emmer glecklech dermat, well den Etui sech gudd ufillt. Ausserdem ass den iPod net emmer mat Fangerofdreck iwersät, well d’Huss automatesch och en Deel ofwescht.