Blogging zu Lëtzebuerg

Blogging zu Letzebuerg – Ech mengen ech sin durch Zoufall op déi richteg Léit getraff, déi mech e besse kenne féieren a mengem Wee duerch déi Letzebuergesch Blogwelt. Den blogeescht huet mer eng Mail gescheckt, a mech domadder zum Nodenken beweegt…

Déi, fir mech nach e bessen néi, Blogwelt aus eisem Ländchen huet anscheinend och heiensdo Tücken, un déi een mat sengem RealLife-Gehier heiensdo net denkt. Effektiv sin ech, dank mengem Mail-Account bei enger grousser Sichmaschinn, zimlech effektiv géint Spam geschützt. Och op mengem Blog sin ech bis elo nach net vill Spam begéint…

Deen uewen erwähnten Artikel ass deen heiten: Link (ech hoffen et ass ok wann ech dee verlinken)

Den Thierry huet dorops hi geschriwwen:

…deshalb fände ich es auch gegenüber diesen Blogs, die sich Mühe machen, lesenswerte Artikel zu schreiben und dann durch relevantes kommentieren bei mir im Blog auf sich aufmerksam machen, nicht fair, wenn ich jetzt ein x-beliebiges Blog verlinke, nur weil der Autor mich darum gebeten hat (noch dazu mit einem unpersönlichen Text)

Wei gesoot, déi doten hu mech derzou bruecht fir nozedenken. Effektiv, sou “à tête reposée”, ass déi Aproche mam direkten Nofroen vläicht e bessen ze aggressiv (och wann ech oft mat der Dier an d’Haus faalen). Ech wollt domadder just e puer Léit op mäi Blog kreien, well bloggen wahrschäinlech vill méi flott ass wann d’Léit och liesen, waat ee schreift… Ech wees, ech wees, aarmen Ignorant…Ech wärt nach vill Saache léieren, ennerwee beim Bloggen!

Ech well mech demno ganz offiziell bei all deenen aanere Bloggeren entschellegen, deenen ech domadder op d’Féiss getreppelt sin oder ze no komm sin. Ech wollt natiirlech keen domadder nerven, keen zouspammen, keen iwerrennen … ech hun et just onglécklecherwéis nemmen vu menger (begrenzter) Säit gesin – a war zevill mat Liese beschäftegt fir ze mierken wéi meng Aktioun keint wierken.

Ech sin iwerzeegt, daat e puer vu mengen Comments wärte geläscht gin, an hun domadder och guer kee Problem. Op alle Fall awer mol nach ee Merci un all déi, déi sech Zäit geholl hun ze liesen, waat ech froen, an nach méi en decken un déi, déi mer geäntfert hun, oder nach äntferen.

Ech wärt mech och beméien, dem Thierry an dem blogeescht sengen Astucen nozekommen…dofir wärt der nach heiensdo vu mier liesen!