Cuil – nët “cul”

Haut hun ech am Point 24 – jo, ech haat näischt besseres ze din, ech sutz an engem Warteraum – eppes iwert eng nei Suchmaschinn gelies.

Vun Point24.lu: NEW YORK (AFP) – Des anciens cadres du géant internet Google ont lancé un nouveau moteur de recherche, baptisé Cuil — du mot gaélique signifiant connaissance — qui se veut concurrent du leader mondial de l’internet. (Full Story: here)

Ech wees net, op schon een vun ierch eppes dovun geheiert oder gelies hun, mee ech fannen et interessant emol eng aaner Suchmaschinn ze benotzen. Et gin der zwar eng Onmass, mee si si jo net all sou “gudd” wéi Google – oder solle mer soen sou bekannt?

Ech hun de Site emol ausprobeiert an d’Resultater sin nawell ok. D’Resultater hun emmer ee klengt Bild derbäi – déi gin awer am Moment nach falsch ugewisen. D’Idee fannen ech gudd. Allerdings ass et nach immens emständlech fir déi eegen Säit ze indexéieren…mee gi mer hinne mol eng Chance.

Lo haat ech dach glaat vergiess de Site unzegin: http://www.cuil.com/

Waat fir eng Suchmaschinne benotzt där dann?
Sorry, there are no polls available at the moment.