Donald Duck Börsdäi

Haut huet ee vun deene Léit, déi mech a menger Kandheet am meeschten influencéiert hun, Gebuertsdag – Den Donald Duck! (Naja, ok a menger ganz fréier Kandheet.)

Déi éischte Keier ass den Donald 1934 ze gesi gewierscht – am Film “The Little Wise Hen”. Säi Gebuertsdag ass den 9. Juli 1934 fir genau ze sin – an de Filmer gett awer emmer gesoot, e wier den Freiden, den 13ten gebuer gin. An engem Kuerzfilm mam Numm Donald’s Happy Birthday gett gesoot e wier den 13 März gebuer. Daat ass just eng vun den villen Allusiounen op säin emmer-an-eiweg währende Pech. Och säi Auto huet d’Nummereschëld 313.

Natirlech wees jidereen daat en vum Walt Disney (LUEN) kréeiert gin ass. Méi interessant ass vläicht, dass en an Mickey Mouse Cartoon’en wéi Orphans’ Benefit (1934), The Band Concert (1935), Mickey’s Service Station (1935) matgespillt huet. Den Donald’s Ostrich (1937) war seng eischt Haaptroll. An den 1940er Joeren huet en an Saludos Amigos (1942), The Three Caballeros (1945), Fun & Fancy Free (1947) an an Melody Time (1948) gespillt. Aaner Filmer waren:

  • Mickey’s Christmas Carol (1983)
  • Who Framed Roger Rabbit (1988)
  • Mickey’s 60th Birthday (1988)
  • The Prince and the Pauper (1990)
  • A Goofy Movie (1995)
  • Mickey’s Once Upon a Christmas (1999)
  • Fantasia 2000 (1999)
  • Mickey’s Magical Christmas (2001)
  • Mickey’s House of Villains (2002)
  • Mickey’s PhilharMagic (2003)
  • Mickey’s Twice Upon a Christmas (2004)
  • Mickey, Donald, Goofy: The Three Musketeers (2004)
  • The Lion King 1½ (2004)

En ass och fir Oscar’en nominéiert gin:

  • Good Scouts (1938)
  • Truant Officer Donald (1941)
  • Donald’s Crime (1945)
  • Chip ‘n’ Dale (1947)
  • Tea for Two Hundred (1948)
  • Toy Tinkers (1949)
  • Rugged Bear (1953)
  • No Hunting (1955)

Den Oscar huet en anscheinend fir Der Fuhrer’s Face (1943) kritt – e Film, deen een net vill ze gesin kritt. Just op Youtube:

Iwert dee Film kann ee jo denke waat e well…

Hee war awer net emmer aleng: Am Donald’s Nephews (1938) sin den Huey, Louie and Dewey, bei eis bekannt als Tick, Trick und Track bäi komm, am Donald’s Cousin Gus (1939) den Gustav Gans. Seng Karrière an den Comics war och zimlech rasant. An Däitschland gin haut nach iwer 250 000 Kopien vun senge Comics pro Woch verkaaf. Daat ass och kee Wonner, wann een sech ukuckt, ween alles Deel vun den “Ducks” ass. Hei a klenge Stammbaam aus dem däitschen Comic:

Och a Videospiller ass en e puer mol virkomm, wéi zum Beispill an desen:

  • Donald Duck
  • Donald Duck’s Playground (1984)
  • Donald’s Alphabet Chase (1988)
  • Quackshot (1991)
  • The Lucky Dime Caper starring Donald Duck (1991)
  • World of Illusion Starring Mickey Mouse and Donald Duck (1992)
  • Deep Duck Trouble Starring Donald Duck (1993)
  • Disney’s Magical Quest 3 Starring Mickey and Donald (1995), (2005)
  • Maui Mallard in Cold Shadow (1996)
  • Disney’s Donald Duck: Goin’ Quackers (2000)
  • Mickey’s Speedway USA (2000)
  • Disney Golf (2002)
  • Disney’s PK: Out of the Shadows (2002)
  • Kingdom Hearts (2002)
  • Kingdom Hearts Final Mix (2002)
  • Kingdom Hearts: Chain of Memories (2004)
  • Kingdom Hearts II (2006)
  • Kingdom Hearts II Final Mix+ (2007)
  • Kingdom Hearts coded (2008, 2009)
  • Kingdom Hearts Birth by Sleep (TBA 2009)
  • Kingdom Hearts 358/2 Days (2009)

Natirlech gett et dee Film och op YouTube, richteg a wirklech ze kucken 🙂 Säin eischten Film:

Lo haat ech meng Sourcen baal vergiess: