the disposable memory project

@: http://disposablememoryproject.org/

Ech liese den Blog vun deser Säit zenter enger Zäitchen, nodeem ech iirgendwann driwwer ge-“stumbled” sin. Fannen et ass eng cool Idee, an zenter engem halwen Joer oder sou sin ech um Iwerleen op een net och mol eng Kamera fir Luxusbuerg sollt machen. Viru kuerzem hun se en Opruff gemach, daat Léit gesicht gin, déi fir déi jeweileg Kontinenter / Deelkontinenter Respresentär (ass daat e Wuert?) si keinten.

Ech hu mech spontan fir eis Geigend gemellt, an den Reponsablen (Matthew) huet och direkt per Mail geäntfert. Mär hun e bessen hin- an hiergeschriwwen, fir ze kucken, wei een daat am Beschten organiseiert. Mär sin eis eenz gin, daat ech, falls iirgendwou an engem vun eisen Nopeschlänner eng Kamera färdeg gett, als Intermédiaire fungeieren, sou daat d’Leit d’Kamera bei mech schecken kennen, an ech se da weiderschecken an Englang un déi Responsabel. Ech freen mech schon iirgendwann en Endproduit ze gesin, un deem ech mech och konnt bedeelegen, och wann et nemmen d’Weiderleeden vun enger voller Kamera ass.

An enger vun senge läschte Mailen, huet de gudde Mann Matthew mer do ugebueden fir och sou eng Kamera hei ze machen. Op ech net Loscht derzou hätt… Maja, secher hun ech 🙂 Demnächst wärt also lo iirgendwann eng Kamera hei zu Letzebuerg ausgesaat gin! Sou wéi ech e verstaan hun, well e mer och nach eng Kamera heihi schecken. Ech haalen ierch op alle Fall um Laafenden, wei déi Saach weidergeet!

Vläicht sidd der jo och un enger Kamera fir d’Letzebuerger Blogosphäre interesseiert?! Schreift mer, waat der dervun haalt!