Moien

Ech sinn den Dan Kerschen

stolze Papp, gléckleche Mann, Enseignant & Basketballsarbitter

  • Rentrée war den 18. September.

Ech si glécklech zënter 2007 mam Nathalie bestuet, dat zu Contern säi eegenen Kinésithérapie-Kabinet huet (kinecontern.lu). Eise Bouf, Philippe, ass 2007 gebuer, eis Meedercher Céline Audrey Emilie a Marie Hailey 2010 an 2012.

Ech sinn Enseignant zu Déifferdeng am Lycée technique Mathias Adam (ltma.lu). Méi iwwer meng Arbecht ënner CV.

Ausser dat ech Weekends vill Basketballsmätcher päifen, sinn ech och Sekretär a Webmaster am Comitee vun den Basketballsarbitter (adabl.org)

Beruffserfarung

Jan. 2012 - Present

Formateur / Tuteur

IFEN

Tuteur fir interaktiv Tafelen Zënter 2012, bidden ech och Seminären zur Ausbildung vun Erwuessenen am Ëmgang mat interaktiven Tafelen, ënner anerem am Centre de Logopédie in Luxembourg, organiséiert vum Institut national de Formation.

2009 hunn ech zesumme mat aner Enseignante en interne Grupp gegrënnt, deen sech em d'Betreiung an d'Ausbildung vun Erwuessenen am Ëmgang mat interaktiven Tafele an eise Klassesäll am Lycée technique Mathias Adam këmmert.

Sep. 2004 - Present

Enseignant Régime préparatoire

LTMA

Zënter 2004 enseignéieren ech Kanner tëschent 13 a 17 Joer am Lycée technique Mathias Adam.

Aug. 2001 & Aug. 2000

Kannerbetréier

Gemeng Suessem

Kannerbetreiung während de Vakanzenaktivitéite vun der Gemeng Suessem (Studentenjob)

Direkt no menge Studien hunn ech bei deier jonker Equipe am Lycée technique Mathias Adam in Differdange, Luxembourg (ltma.lu) ugefaangen. Zënter hier hunn ech vill Ännerunge gesinn, ënner anerem och dat mer déi éischt Schoul a Lëtzebuerg sinn, déi komplett mat interaktiven Tafele vun Promethean ausgerëscht gi sinn. Dat ass während enger Ëmbauphase vun e puer Joer geschitt, bei deier och d’Schoul komplett erneiert ginn ass. Opgrond vu mengem Interêt an Technik hunn ech mech gemellt fir beim Pilotprojet zu den IWB matzemaachen.

Educatioun

Sep. 2002 - Feb. 2003

Pädagogischer Austausch

Pädagogische Hochschule Niederösterreich

Sep. 2000 - Jul. 2004

Certificat d´Études Pédagogiques, Spécialisation: enseignement primaire

University of Luxembourg

Sep. 1993 - Jul. 2000

Diplôme de fin d'études secondaires

Lycée Hubert Clément Esch

Feb. 1988 - Jul. 1993

Ecole primaire

EP Soleuvre

Sep. 1987 - Feb. 1988

Ecole primaire

EP Schifflange

Sproochen

Lëtzebuergesch 99
Englesch 96
Däitsch 95
Franséisch 85
Italienesch 35
Spuenesch 5

Meng Interêten

Basketball-Arbitter: Zënter dem Alter vu 15 Joer sinn ech Basketball-Arbitter. Ech hunn an deene lëschte Jore schonn e puer interessant Matcher dierfe päifen, ënner anerem déi zweet Final vum Härechampionnat 2016 an déi éischt Final vum Härechampionnat 2017.

  • Lafsport
  • Elektresch Gittar
  • Liesen, meeschtens Science fiction a Fantasy
  • Tv-Serien
  • Snowboarden
  • Gaming (Nintendo Switch, PC)
  • Longboarden

Ech këmmere mech awer och immens gären ëm Websäiten

  • Lafsport
  • Elektresch Gittar
  • Liesen, meeschtens Science fiction a Fantasy
  • Tv-Serien
  • Snowboarden
  • Gaming (Nintendo Switch, PC)
  • Longboarden

Websäiten déi ech betreien

Kontaktéier mech

Där kënnt mech gären iwwer dëse Formulaire kontaktéieren.

Connect With Us