Moo – Your first order!

Ech hu jo schon emol hei vun MOO geschwat, eng Firma, baséiert an England (an elo och an den USA), déi e besse méi speziell Produite’en machen. Si machen zum Beispill Minicards (link), eng Zort Business Cards am méi klengen, mat den Moossen 28 x 70 mm, am 100er-Paack. Déi fannen ech immens. Ech hu mer der schon e puer mol machen gelooss, den eischten Paack haat ech fir näischt bei mengem Flickr-Pro Account kritt. Passend zu den Minicards kritt een en Mosaic-Frame (link) an deen ee kann eng Rei vun den Karten machen fir se auszestellen. Deen ass och immens flott – an et kann een emmer erem néi Fotoen dra machen.

Si machen awer och normal Businesskaarten (link), Sticker’en (link) oder NoteCards (link). Déi läschten sin quadratesch Kaarten, déi ee kann opstellen, souzesoen eng Foto mat Rumm fir ze verschecken (si passen an normal Enveloppen). Mär haaten der Famill e puer souer geschenkt an ech hun der um Büro an um Pult an der Schoul stoen. Si hun nach e puer Produit’en, mee och esou gesäit daat heiten schon genuch no Reklam aus.

Lo awer zum Grond vu mengem Post. Bei menger läschten Minicards-Bestellung waren eng Rei Promocodes derbäi, een mat 20% an 3 mat 15% Reduktioun op der eischter Bestellung. Déi wollt ech elo héi verspillen. Déi eischt 4 Kommentatoren kreien jeweils eng Promotioun!

Vill Spass mat moo.com dann!

Update 1: Déi éischt zwee Gewenner si schon erausgaangen – den Chris an den Thierry hun hier Iwerraschung grad kritt! Begannt iech, soss si keng méi do!

Update 2: Déi zwee läschte Code sin och scho fort. De Marc an de Pit wärten sech driwwer freen!