Laang Zäit…

Et ass schon eng Zäitchen hier, daat ech fir d’läscht eppes geschriwwen hun … Wei daat nun mol ass, huet d’richtegt Liewen (oder Real Life) e beschen méi Zäit an Usproch geholl. Den blogeescht ka bestemmt och e Liddchen dervun sangen – mee heen huet jo och elo erem ugefaangen mat bloggen.

Den Philippe huet eis e beschen op Trapp gehaalen, well heen elo an Teschenzäit leeft…ganz schnell un zwou Hänn, zaghaft un enger Hand, gottseidank nach net aleng. Scho wann e krabbelt muss ee wei verreckt hannendru sin. En huet och nach geleiert ze raumen – virun allem ausraumen, op elo Schief, Tireng, mäi Schoulsaak, …

Ech hun awer nach eng kuerz Recommendatioun fir d’Blizzard-Fans:

http://www.echoes-of-war.com/