Zelda op seven.lu

Ech konnt mer et elo net verquessen (schreift een daat sou?) an hu missten dem Sven säi Video vu seven.lu och eng Keier posten.

Daat wier dach e Film, deen onbedingt misst gedreint gin, nee? Ech mengen ech kennen keen, deen net Fan vu Zelda ass! Ech hun op alle Fall eng ganz Réi vun de Zelda-Games gezockt, an daat läscht nach guer net sou laang hier! An iirgendenger Reiefolleg, déi heiten waren et:

  • The Legend of Zelda: The Twilight Princess
  • The Minish Cap
  • A Link to the Past
  • Link’s Awakening
  • Majora’s Mask
  • Ocarina of Time
  • The Legend of Zelda: The Phantom Hourglass

Ech wees, et gi Léit, déi zevill Zäit mat Videospillen verbrengen… Mengen ech zumindest emol, an ech mengen et kann ee mech och derbäi zielen. Ajo, op de Film vun World of Warcraft wirklech erauskennt, musse mer jo och nach kucken … Ahh, alt nach ee Videospill 🙂