Tintéan oder Thintéan

Den Blogeescht huet mech d’läscht gefrot, wei et dann lo kennt, dat a menger neier Iwerschreft eng Kéier “Tintéan” an eng Kéier “Thintéan” steet. Also eng Kéier mat “h” an eng Kéier ouni “h”.

Ech hu mech emol bei enger bekannten Irin (also vun Ir, dt: Ire, aus Irland 🙂 ) schlau gemach. Anscheinend ass d’Gälesch Sproch e bessen aanescht wéi eis…

Am Gälesch ass et nämlech sou daat deen “h” do ewell d’Zeechen fir “mäin” ass. “Tintéan” heescht also “Haus”, an “Thintéan” ass “mäin Haus”… “An madra” ass zum Beispill “een Hond” an “mo mhadra” ass “mäin Hond”.
Et ass eng interessant Sprooch, mee ech kann mer virstellen daat se guer net einfach ze leieren ass. Wier iwregens nach een interesseiert fir déi Sprooch ze leieren? Am Moment hun ech zwar net vill Zäit, well d’Schoul am läschten Endspurt ass (Meng Schüler hun nach 7 Wochen duerchzehaalen, dann brauchen se mech net mei ze erdroen), mee daat wier mol ee Projet fir Enn des Schouljoeres…