Sproch vum Dag

Haut de Moien live an der Schoul. Et huet grad geschellt, ech gin d’Schüler sichen fir se aus dem Préau an de Klassesall ze begleeden. Ennerwee fir déi zwee Stäck erop, fällt mer op, daat ee Schüler kee Schoulsaack un huet.

Ech: “Marc, wou ass däi Schoulsaack dann? Hues de deen am Préau stoen gelooss?”

Marc: “Nee, nee…”

Ech: “Ma wou ass en dann?”

Marc: “Ech hun en am Kebab vergiess.”

Ech: “Wéi dann daat?”

Marc: “Ma ech hun en e Freiden während der Mettespaus do vergiess…”

Speider, am Klassesall:

Ech: “So Marc, virwat wars de de Schoulsaack dann net sichen?”

Marc: “Ma et ass dach e Sonnden kee Bus gefuer, vun mär aus op Péiteng!”

Ech: “Mee a Samsden, ass do och kee Bus gefuer?”

Marc: “Do konnt ech net – ech haat eppes aanescht ze din.”

Ech: “Waat ass dann méi wichteg, wéi de Schoulsaack siche goen, mat denge Saachen dran?”

Eng aaner Enseignante: “Hues de missten schlofen an duerno PS3 spillen?”

Marc: “Nee daat war et net.”

Ech: “Waat war et dann? Hues de missten de ganzen Dag Fussball spillen?”

Marc: “Jo – dofir konnt ech dach net fueren…”

Do feele e bessen d’Wierder. Mär hätten eis dach nie ouni Schoulsack an d’Schoul getraut – oder ieren ech mech?

Dem Marc säi Numm hun ech fir dese klenge Bäitrag geännert.