Remboursement vun 80 Euros op der Autostéier

Ween vun iech huet dann eng Famill mat mindestens 5 Léit? A wie weess dann dat een sech en Deel vun den Autosteieren ka erëmfroen? Ech wosst dat bis elo net. Eenzeg Viraussetzungen sinn anscheinend:

  • être une personne physique résidant au Grand-Duché faisant partie d’un ménage composé d’au moins 5 personnes

Alles wat ee muss ofginn ass:

  • un certificat de composition de ménage récent (maximum 1 mois), délivré par l’administration communale du lieu de résidence du demandeur ;
  • une copie de la vignette fiscale actuelle de la voiture à personnes pour laquelle le remboursement est demandé ;
  • une copie du certificat d’immatriculation (“carte grise”).

Mir hu lo mol eng Demande gemaach, ech si gespaant wéi et weider geet. Passt just op, dat och deen op der Demande steet, op deen den Auto ugemellt ginn ass, soss schécken se d’Demande erëm zeréck.

Réduction de 80 euros de la taxe sur les véhicules routiers pour les familles nombreuses et extension de l’exonération totale de la taxe aux personnes ayant à charge une personne invalide – Citoyens // Luxembourg.

Update 27/09/2014:

Mir hu missten eng zweet Demande eraschecken, wëll den Auto op meng Fra ugemellt ass, an ech déi éischt Demande op mäin Numm gemaach hunn. Nujee, ass zwar Kleinkramerei, mä dat kann ech jo novollzéien.

Update 02/10/2014:

Mir hunn elo de Bescheed kritt, dat eis Demande vum Ministère de l’environnement op d’Administration des Douanes et  Accises geschéckt ginn ass. Firwat deen Opwand, froen ech mech do. Firwat geet dat net alles op enger Adminsitratioun?

Update 05/10/2014:

D’Administration des Douanes et  Accises huet eis Bescheed ginn, dat mir déi Suen an den nächsten 4 Wochen op eise Kont solle kréien. Leider een aale Kont, dofir hu mer dat och scho rëm missten ännere loossen, mä ëmmerhin.