WordPress 2.8

Nodeems ech zenter geschter méi wéi een Post iwer WP 2.8 gelies hun an eiser Blogosphäre, wollt ech mäi Päfferkär och lass gin.

Ech hu geschter metten gesin daat 2.8 eraus wier an hun dorops hin ee Backup vun menger Säit gemach an duerno nach meng Post’en exporteiert. Ech hun d’Auto-Update Funktion benotzt an kannps 8 Minuten duerno haat ech WP 2.8 laafen.

Bei mier war déi Saach ouni Zweschefall, ouni Problems etc. Souguer mäi Theme schengt gréisstendeels kompatibel ze sin mat der neier Versoiun. Anscheinend haat ech méi Chance wéi aanerer c.f. sad autumn an alcatraz. Sorry guys… Mee ech sin iwerzeegt daat déi Bugen geschwenn eraus sin.