Zenter laangem…

Moien alleguer!
Zenter laangem emol erem eng Keier eppes neies op mengem Blog, lo wou d’Vakanz erem un ass.
Maja, ech haat a läschter Zäit trotz Vakanz e bessen ze din. Eischtens emol fänkt mäi klenge Philippe e grousse Sprong gemach! Hee huet elo geleiert fir sech selwer ze setzen! Zenter geschter mecht en daat andauernd, an et schengt him och gudd ze gefaalen. Soubaal ech en eng Keier erweschen wärt ech en och dobäi filmen. Mee daat heescht awer och daat en eis elo erem mei op Trapp hällt, well en och emmer um Wee ass fir iirgend eppes an eisem spannenden Living ze entdecken. Hee kann zwar nach net richteg krabbelen, mee e robbt awer duech d’ganz Zemmer. Et sin am Moment keng Kabelen mei virum him secher…

Ech hun awer och, während deier Zäit wou heen e bessen schleift, Siedler 2 – Die nächste Generation Siedler – Aufstieg eines Königreichs an Diablo 2 (mat Virfreed op Diablo 3) e bessen erem entdeckt. Sou hun ech elo mol e bessen ze din.

Ech wollt mech och entscheeden, entweder Age of Empires 3 oder Civilizations 4 ze kaafen, mee souwäit hun ech mäi Kapp a mäi Goût nach net ugestrengt. Ech hu mer elo haut den Add-on fir Siedler kaaf: Reich des Ostens. Domat hun ech secher fir eng Zäit ze din.

De Weekend war awer och den Festival de la BD zu Contern, wou ech e besse gehollef hun. Ech war frou fir emol erem richteg enner Léit ze sin, an e besse mat e puer Bekannten/Kollegen (zb. den ND!), a mengem Brudder ze poteren. Dest Joer hun ech keng BD’en kaaf, ech hun just d’Band 12 vun den Filles de soleil an nach een aaneren geschenkten Band matbruecht. Allerdings hun ech eis och een neien “Loisel” kaaf, ee Clochette fir wann mer bis am Haus sin…

Do geet et awer och gudd weider, dei eischt Etappe vum Sanitaire ass lo färdeg, an den Elektriker misst och sou lues un d’Enn kommen. Mär waren elo mol bei den Schräiner (Kraemer zu Bettendorf) a gin lo geschwenn bei den Plättechersleëer (De Cillia zu Steesel). Duerno misste mer dann och eng Keier bei den Bembé wann mer an den Schlofzemmeren eventuell Klick-Laminat oder sou eppes wellen hun. Ech hoffen just, dass et sou weider geet wei bis elo, an daat mer net zevill Léit do hun, déi Pfusch machen…

Apropos BD-Festival, dëst Joer ware mer net sou vill do, well parallel an och schon virdrun ee groussen Tournoi vum Basket war, wou ech och hun dierfen päiffen. Et waren eng ganz Rei U20 Jongen an U18 Meedecher hei am Land, Top-Equippen aus Europa (op alle Fall emol bei den Jongen). Sou Equippen gesäit een net oft bei eis hei, an dee Basket deen se gebueden hun, war och tiptop!

Souwäit emol zu deenen läschten Entwecklungen bei mier, mol kucken wei et elo weider geet! Bis geschwenn, ären Dan.