Meng Spillkonsolen

Den Sven huet hei no den Spillkonsolen gefrot, déi mer sou doheem stoen hun, oder mol eng Keier haaten. Well ech zenter laangem emmer erem op sou Konsolen zereckkommen (mat e puer Ausflich fir PC-Spiller), hun ech mech entschloss och emol do mat ze machen 😉

Mol kucken, op ech daat sou hikreien, d’Gedanken sin net emmer sou geuerdnet an der Vakanz:

  • Nintendo Gameboy:
    • Ech mengen des Konsol haat baal jidereen an eisem Alter. Meng Geschwester haaten och allenzwee een, an wann et mat der Famill op Tour (Besuch, Restaurant,…) gaangen ass, huet en net dierfen feelen.
    • Natirlech emmer derbäi waren d’Spiller Super Mario Land an Tetris, och mol nach Days of Thunder, Duck Tales, an nach e puer aanerer.
  • Super Nintendo Entertainment System:
    • Ech sin ereischt op den Gout komm vun Konsolen, déi un d’Telé ugeschloss kenne gin, wéi d’SNES eraus komm ass. Den NES hun ech demno ausgeloos. Dofir haat ech jo vill besser Qualitéit vun der Grafik hier, hun awer e puer Klassiker verpasst (hun ech awer bei Kollegen emmer nogeholl).
    • Spiller, déi ech haat, waren: Super Mario World, SimCity, Donkey Kong Country, F-Zero, Secret of Mana, Super Mario Kart, The Legend of Zelda: A Link to the Past, Super Star Wars, …
  • Microsoft Xbox:
    • Déi haat ech mer souguer gemoddet. Sou konnt ech eng ganz Rei Spiller drop lueden, an och nach aal Spiller drop setzen mat verschiddenen Emulatoren.
    • Spiller, déi opzielenswert sin: Blinkx – The Time Sweeper, Thief – Deadly Shadows, Need for Speed Underground 2, Need for Speed Most Wanted, The Elder Scrolls III – Morrowind (ganz vill Zäit huet daat mer eweg geholl 😉 )
  • Nintendo Gameboy Advance SP:
    • Daat ass d’Zelda Special Edition. Natirlech war do och The Legend of Zelda: The Minish Cap derbäi. Am Fong hun ech deen vu menger Fra geierft, well ech him den DS kaaf hun. Deelen ass jo och flott…sou hu mer am Fong emmer déi zwou Konsolen mat an der Vakanz.
  • Nintendo DS lite:
    • Deen hun ech menge Fra kaaf. Ech dierf awer och heiensdo drop spillen.
    • Enner aanerem hu mer Big Brain Academy, Dr Kawashima, e puer Mario’en…
  • Nintendo Wii:
    • Mäi läschten "Akaaf". Eng Wii – mega. Ech spillen am Fong deck gären drop, just daat ech net emmer Zäit derzou fannen. A wann ech Zäit fannen, dann well meng Fra och heiensdo Fernseh kucken. Daat ass natirlech och e klenge Problem. Naja, mol kucken op et net iirgendwann en zweete Fernseh gett.
    • Spiller: Mario Kart Wii, Super Mario Galaxy, Super Paper Mario, The Legend of Zelda: Twilight Princess, …