Mooooooo! Notecards

Wéigesoot, ech konnt et net loossen, ech hun erem missten Moo’en! Des Keier hun ech mer d’Notecards bestallt. Ech hun op d’Recksäit nach e klenge léiwen Text printe gelooss, sou daat ech se och gudd verschecke kann.

No kuerzer Waardezäit (fir Moo, des Keier just 1 deck Woch) haat ech d’Kaarte schon a menger Boîte.

 

An ech muss soen, ech si schon erem ganz positiv iwerrascht. Net nemmen daat de ganze Prozess vum Bestellen sou angenehm ass, mee och d’Karte kenne voll a ganz iwerzeegen.

Vir jidereen, deen Moo net kennt, kuerz zur Erklärung. Eng Firma aus London, England huet sech drop spezialiseiert fir Fotoen vun Flickr, Facebook, Bebo, etc. auszedrucken. Natirlech ass weltwäiten Shipping eng Mussesaach, mee si sin a mengen Aen nach e besse mei wäit gaang. Hier Säit ass frendlech, iwersiichtlech an kloer struktureiert. Daat, waat ee sicht, fennt een och schnell. D’Präiser sin akzeptabel. Et mierkt een daat déi Léit Spass un hierer Arbecht hun. Mee daat bescht ass den LittleMoo an den BigMoo. De LittleMoo ass deen Deel, deen der eng Email zur Bestätegung schreift. Einfach nemme léif, et muss een et selwer erliewen.