Postcrossing

Ech konnt et alt rem net loossen…Lo huet mer Moo geschter eng Newsletter gescheckt, wou se gesoot hun, daat hier Notecards e besse méi belleg sin elo. Ech konnt alt rem net widerstoen! Lo sin demno 16 Kaarten um Wee fir bei mech heem! Wann se bis do sin, bloggen ech och driwwer, sou wei iwer meng Minicards. Ech kann et lo scho baal net mei aushaalen… (Ech si MOOOO-süchteg!)

Ech hun awer nach e bessen op hierer Säit gebrowst, a sin do op ee vun hieren Blog-Poste gefall. Deen huet vun postcrossing geschwat… “Waat ass daat dann?” duecht ech.

Schnell eriwwer op déi Säit, déi si ugin hun, postcrossing.com. Et ass eng Säit, déi sech drem kemmert, daat d’Léit heiensdo e klengt Laachen op d’Gesiicht kreien. Durch Post. Net elektronesch Post, nee, richteg Post. An der Bréifboîte.

Wee well schon emmer nemmen Rechnungen, komesch béis Bréiwer a brongen Enveloppen, Bankauszich (aah, schon rem am Minus?!) oder Visa-Extrait’en (ohh, nee, ech muss ophaalen, sou vill um Internetz ze bestellen!) kreien. Lo wärt och mol heiensdo eng oder déi aaner Postkart an der Boîte leien. Vun iirgendwou aus der Welt, vun iirgendengem deen ech net kennen. Dee schreift mer eng flott Geschicht, e Gedicht, oder soss eppes, vläicht och nemmen Hallo! Alles, waat ech dofir muss machen, ass selwer engem eng Kaart schecken.

Ech si scho gespaant. Soubaal ech eng Kaart kreien, gidd der daat gewuer 🙂 Hei sin iwregens déi zwou Kaarten, déi ech haut verscheckt hun.

LU-2125 LU-2126