ramblending

Vläicht hudd der gemierkt daat mam neien Ausgesin vun mengem Blog och an engems en neien Titel “entstaan” ass: ramblending. Virdrun haat ech jo am Fong just mäin Numm als Titel vu mengem Blog, mee no e puer Recherchen am Internet hun ech fonnt, daat mer daat lo net méi sou richteg gefällt.

Ech hu mech e bessen op d’Sich gemach an no villem Liesen, sin ech do iirgendwei op dës Säit gefall:

http://www.degraeve.com/invent-a-word/

Ech hun do och nach immens laang probeiert, ier ech mech décidiert hun. Dobäi ass awer iirgendwei ramblending eraus komm derbäi – en “geblended” Wuert, waat aus zwee Wierder zesummegesaat ass:

  1. To move about aimlessly, or on a winding course; to walk for pleasure; to amble or saunter.
  2. To talk or write incessantly, unclearly, or incoherently, with many digressions.
  1. A mixture of two or more things.
  2. (linguistics) A word formed by combining two other words; a grammatical contamination, portmanteau word.

Ech hu fonnt daat daat immens gudd passt – Ech schwafele vill, an iirgendwei huet mäi blog och keen richtegt Thema, mol eppes vun hei, mol vun do…

Maja, ech hoffen dir kennt eppes domat ufänken.

PS: D’Bild ass aus engem Wordle vu mengem Blog.