Social Web

oder: Wéisou hun ech mei Web 2.0 Accounts, wéi ech ka géréieren 🙂

Am Fong ass dese Post als Zousaatz zum blogeescht säin Bäitrag zum Web 2.0‘en geduecht. Mee ech mengen, sou eng Opzielung keint am Fong jidereen vun eis machen. Mee loosse mer mol fir d’éischt bei Null ufänken: Virun e puer Deeg huet en Arbechtskolleg vu mier mech gefrot, wéi ech den Domain kerschen.lu kritt hun. An ob daat eppes kascht. An virwat daat ech daat dann giff machen. An … An … An … An all déi Froen huet e mer just gestallt, well ech him eng Mail gescheckt hun, wou ee Link op meng Säit a menger Signatur stung.

Am Ufank wosst ech em net sou richteg äntferen. Bon, wou ech den Domain kaaf hun, a weivill daat kascht, daat war seier beäntfert, mee zum Thema virwat ass mer net sou seier eppes agefall. “Einfach aus Langweil” – war daat eischt, wat ech gesot hun. Mee am Nachhinein hun ech geduecht: “Och well ech menger Famill weisen, waat sou bei mir geschitt, a wei et mat mengem Bouf geet”. An well ech immens gären Kontakt mat Kollegen hun, wouvun der mettlerweil immens vill op Facebook opgetaucht sin. An ech mengen ech keint nach e puer sou Grenn opzielen.

Hei lo mol d’Lescht, sou wei se bei Pownce zum Beispill steet:

Maja, souwäit emol dozou…Ech wetten, daat am Laaf vun deen nächsten Joeren nach e puer Saachen bäikommen an eweg faalen.