LCD TV botzen
21. Aug 2008
Family
A läschter Zäit fänkt de klenge Philippe un sech iwerall erop ze zeien an e leeft och schon e bessen laanscht d’Couch oder laanscht den Fernsehsmiwwel. Leider kennt e mat senge klenge Patten souguer bis un den Bildschirm vun der Telé.
Lo mecht en daat doten zenter knapps 2 Wochen an den LCD gesäit schon eraus wéi Sau (fir daat op gudd Letzebuergesch ze soen).
Ech hun e bessen rechergéiert, wéi ech de Bildschirm propper soll machen, an déi meescht Rekommendatiounen sin:
- eng Sprutzfläsch mat 50% Isopropyl an 50% destilléiert Waasser
- eng mell Fatz
Ech wollt awer emol nofroen, wéi där daat esou maacht. Hudd der vläicht nach aaner Rekommendatiounen? Ideen? Proposen?
Merci am viraus schon emol!
Related Posts
Schued daat hei keen eng Äntfert wees…
Ech hoffen et kennt awer een vun ierch mer weiderhellefen
Sorry, Dan, awer ech hunn ke (LCD-) Fernseh an Ideen fir d’Botzen.
Merci awer!