LCD TV botzen

A läschter Zäit fänkt de klenge Philippe un sech iwerall erop ze zeien an e leeft och schon e bessen laanscht d’Couch oder laanscht den Fernsehsmiwwel. Leider kennt e mat senge klenge Patten souguer bis un den Bildschirm vun der Telé.

Lo mecht en daat doten zenter knapps 2 Wochen an den LCD gesäit schon eraus wéi Sau (fir daat op gudd Letzebuergesch ze soen).

Ech hun e bessen rechergéiert, wéi ech de Bildschirm propper soll machen, an déi meescht Rekommendatiounen sin:

  • eng Sprutzfläsch mat 50% Isopropyl an 50% destilléiert Waasser
  • eng mell Fatz

Ech wollt awer emol nofroen, wéi där daat esou maacht. Hudd der vläicht nach aaner Rekommendatiounen? Ideen? Proposen?

Merci am viraus schon emol!